Shifflange Gaming Day Recap
Wat war lass?
Fir déi éischte Kéier iwwerhapt hunn mir als ASBL um Schëfflenger Gaming Day deelgeholl, déi zanter puer Joer stattfënnt an wou sech ganz vill ASBLen mat flotten Aktivitéiten erëmfannen. Mir konnten een EA Sports FC Turnéier fir 32 Leit organiséieren wou de Gewënner een Playstation Controller + Voucher matheem konnt huelen. Et war eist zweet Evenement innerhalb vun 3 Wochen nodeems mir och op der Escher Tech Week ugangs Abrëll een Turnéier haten. Mir waren ganz frou dobäi ze sinn an soen der Gemeng Schëffleng an der LESF Merci.

Eis Ekipp um Schëfflenger Gaming Day

Eis Gewënner vum Turnéier
1.Plaaz: pokerbrat (mëtt)
2.Plaaz: Mister Turpin (lénks)
3.Plaaz: binti2803 (riets)
